Plattform: Windows
Link: DEMO-Versioun eroflueden (30 Deeg gratis benotzen)
Link: DEMO-Versioun als MSI-Package eroflueden (fir den Asaz an Entreprisenetzwierker)
Präis: 24,99 €
Plattform: Mac OS
Link op den iTunes Store
Asaz
D'Haaptfunktioune vun der Software „Beweegungserkennung“ sinn d'Erkennen an d'Festhale vu Beweegunge vun Objeten op der Kamera.
Fir mam Programm „Beweegungserkennung“ unzefänken, musst Dir Är USB-Kameraen un de Computer uschléissen a se mat engem eenzege Mausklick am Programm derbäisetzen. Beim Start vum Programm ginn all derbäigesat an ugeschloss Kameraen automatesch ageschalt.
Duerno musst Dir eng Kamera auswielen an de Modus Beweegungserkennung aktivéieren. An dësem Modus erkennt de Programm d'Beweegung vun Objeten. D'Fotoe ginn automatesch gemaach. Den Algorithmus vum Programm ass esou optimiséiert, datt onbedeitend Ännerungen am Kamerabild, zum Beispill Ännerungen duerch Schwanken, de Sonnënnergang oder en Insekt op der Kamera, net als Ännerunge gëllen an ignoréiert ginn. An dësem Fall ginn och keng Biller gemaach.
Versand per E-Mail
Am Modus Beweegungserkennung ass d'Optioun E-Mail-Versand disponibel. An dësem Modus schéckt de Programm déi gemaachte Fotoen un déi uginn E-Mail-Adress. Dofir musst Dir d'E-Mail-Adress uginn, un déi d'Fotoe geschéckt solle ginn. D'E-Maile ginn nëmme geschéckt, wann d'Kameraen Ännerungen erkannt hunn. De minimalen Zäitintervall tëscht dem Versand vun den E-Maile kann uginn ginn. D'Zuel vun de geschéckten E-Maile kann limitéiert ginn.
Kopéiere vun de gemaachte Fotoen
Wann eng Beweegung erkannt gëtt, späichert de Programm déi gemaachte Fotoen automatesch. Dës Fotoe kënnen an d'Tëschenoflag kopéiert oder an en anere Programm iwwerdroe ginn. Am Betribssystem Windows ass et méiglech, d'Biller an e Classeur ze kopéieren, deen de Benotzer uginn huet.
Eroplueden iwwer FTP
Dir kënnt d'Fotoen automatesch op e Server eroplueden, andeems Dir d'Donnéeë vum FTP-Server ugitt. Dës Optioun ka fir Benotzer interessant sinn, déi d'Fotoen op hirer Homepage am Internet kucke wëllen.
Zousätzlech Optiounen
Am Modus Beweegungserkennung ass eng akustesch Notifikatioun disponibel; et ass och méiglech, en Zäitintervall festzeleeën, wärend deem de Modus Beweegungserkennung aktiv ass.
Asazbeispill
Dëse Programm ass eng super Léisung, wann Dir Är Wunneng, Äert Haus oder Äre Büro ouni deier Equipementer iwwerwaache wëllt. Dir braucht just eng einfach USB-Kamera an e Computer. De Programm ënnerstëtzt de gläichzäitege Betrib vu méi Kameraen, déi direkt un de Computer ugeschloss kënne ginn. Dir kënnt USB-Verlängerunge benotzen, fir den Iwwerwaachungssystem ze optimiséieren (Kabele bis zu 25m mat Verstäerker sinn disponibel). Mat USB-Splitter kënnt Dir d'Zuel vun den USB-Ports, déi fir Är Kameraen disponibel sinn, erhéijen.




