Plattform: Windows
Link: DEMO-Versioun eroflueden (30 Deeg gratis benotzen)
Präis: 19,99 €
Plattform: Mac OS
Link: temporär net disponibel
Asaz
De Programm hëlleft Iech, den Iwwerbléck iwwer Är Clienten ze behalen. Fir all Client kënnt Dir verschidden Informatiounen aginn, wéi perséinlech Donnéeën, Clientsadressen, Kontakt- a Bankdonnéeën. Am Programm ginn et och Felder fir zousätzlech Informatiounen.
Dokumenter erstellen
De Programm erliichtert Iech d'Routinaarbecht beim Erstelle vu Rechnungen an hirer Gestioun. Dir kënnt och all Zort vun Dokumenter erstellen. Verschidden Dokumenttypen sinn am Programm scho virdefinéiert, zum Beispill: Offer, Bestellbestätegung, Mahnung asw. An den Astellunge vum Programm kënnt Dir Är eege HTML-Dokumenter derbäisetzen, fir se unzeweisen.
All Rechnungen an Dokumenter kënnen am PDF-Format gespäichert a gedréckt ginn.
Tabellen handhaben
All Tabellen am Programm kënne vum Benotzer einfach ugepasst ginn - Dir leet fest, wéi eng Kolonnen ugewise ginn, an wéi enger Reiefolleg a mat wéi enger Breet, a wielt och d'Zortéierung vum Tabelleninhalt.
All Tabelle kënnen an d'CSV-Format exportéiert, gedréckt oder als PDF-Datei gespäichert ginn.
Statistik
De Programm bitt detailléiert Statistiken iwwer all Attributer vu Clienten, Rechnungen an Dokumenter a Form vu Charts, Diagrammer an Tabellen. Dobäi gëtt déi gewielte Statistikastellung gespäichert an erëm ugewisen, wann Dir de Programm nees opmaacht.
Multi-Benotzer-Prinzip
Dëse Programm ënnerstëtzt d'Identifikatioun vu Benotzer. All Benotzer huet säin eegene Login a säi Passwuert. All Ännerunge vun Donnéeë ginn automatesch vum Programm protokolléiert. Mam Programm kënnt Dir novollzéien, wéi e Benotzer d'Donnéeën derbäigesat oder geännert huet. Dobäi ginn Datum an Auerzäit vun den Ännerunge protokolléiert, souwéi komplett Informatiounen iwwer dat, wat geännert gouf.
De Programm ka mat der lokaler Datebank schaffen, awer och mat enger zentraler MySql-Datebank. Am leschte Fall kënne verschidde Benotzer gläichzäiteg mam Programm schaffen. Wann ee Benotzer en Objet beaarbecht, ass deen fir déi aner Benotzer nëmmen am Lesemodus disponibel.
Programmverbesserung no Äre Besoinen
De Programm baséiert op der Komponent Temia Business Template (Java), déi e zouverlässege Fonctionnement vum Programm garantéiert an et erlaabt, de Programm séier an ouni grouss Käschten un d'Ufuerderunge vun de Benotzer unzepassen. Wann Dir eis kontaktéiert, maache mir Iech gär en Devis fir eng Programmverbesserung no Äre Besoinen.




