Ausgabeverwaltung

Plattform: Windows
Link: DEMO-Versioun eroflueden (30 Deeg gratis benotzen)
Präis: 19,99 €



Plattform: Mac OS
Link: temporär net disponibel

Screenshots

Asaz

De Programm erlaabt de Benotzer, hir Ausgaben ze verwalten. D'Ausgabe kënnen no de Virgabe vun de Benotzer a Kategorien an Ënnerkategorien agedeelt ginn.

Zousätzlech Funktioune vum Programm

De Programm bitt d'Méiglechkeet, de Bezuelstatus vun den Ausgaben ze verfollegen.

Am Programm kënnen d'Benotzer eng Lëscht vu Fournisseuren a Produite féieren. Produite kënnen och iwwer de Barcode derbäigesat ginn.

Tabellen handhaben

All Tabellen am Programm kënne vum Benotzer einfach ugepasst ginn - Dir leet fest, wéi eng Kolonnen ugewise ginn, an wéi enger Reiefolleg a mat wéi enger Breet, a wielt och d'Zortéierung vum Tabelleninhalt.

All Tabelle kënnen an d'CSV-Format exportéiert, gedréckt oder als PDF-Datei gespäichert ginn.

Statistik

De Programm bitt detailléiert Statistiken iwwer all Attributer vun den Ausgaben an iwwer d'Fournisseuren a Form vu Charts, Diagrammer an Tabellen. Dobäi gëtt déi gewielte Statistikastellung gespäichert an erëm ugewisen, wann Dir de Programm nees opmaacht.

Multi-Benotzer-Prinzip

Dëse Programm ënnerstëtzt d'Identifikatioun vu Benotzer. All Benotzer huet säin eegene Login a säi Passwuert. All Ännerunge vun Donnéeë ginn automatesch vum Programm protokolléiert. Mam Programm kënnt Dir novollzéien, wéi e Benotzer d'Donnéeën derbäigesat oder geännert huet. Dobäi ginn Datum an Auerzäit vun den Ännerunge protokolléiert, souwéi komplett Informatiounen iwwer dat, wat geännert gouf.

De Programm ka mat der lokaler Datebank schaffen, awer och mat enger zentraler MySql-Datebank. Am leschte Fall kënne verschidde Benotzer gläichzäiteg mam Programm schaffen. Wann ee Benotzer en Objet beaarbecht, ass deen fir déi aner Benotzer nëmmen am Lesemodus disponibel.

Programmverbesserung no Äre Besoinen

De Programm baséiert op der Komponent Temia Business Template (Java), déi e zouverlässege Fonctionnement vum Programm garantéiert an et erlaabt, de Programm séier an ouni grouss Käschten un d'Ufuerderunge vun de Benotzer unzepassen. Wann Dir eis kontaktéiert, maache mir Iech gär en Devis fir eng Programmverbesserung no Äre Besoinen.