Plattform: Windows
Link: DEMO-Versioun eroflueden (30 Deeg gratis benotzen)
Präis: 19,99 €
Plattform: Mac OS
Link: temporär net disponibel
Asaz
De Programm ass fir d'Gestioun vun enger Bibliothéik geduecht. E kann op all Zort vun Objete benotzt ginn, wéi Bicher, CDen, Mënzen, Timberen asw. D'Zort vum Objet (Buch, Mënz asw.) kann de Benotzer selwer festleeën.
Mat den Inventarobjete schaffen
Je no Zort vum Objet kënnt Dir verschidden Informatiounen derzou aginn. All Objet kann enger Kategorie an Ënnerkategorie zougeuerdent ginn (déi de Benotzer selwer festleeë kann). Wann den Objet en Auteur huet, kann de Benotzer en uginn. Wann de Benotzer dann de Reider mat den Auteuren opmaacht an ee vun hinnen auswielt, gëtt him eng Lëscht vun den Objete vun dësem Auteur ugewisen. Nieft dem Auteur kënnt Dir aner Persounen derbäisetzen an hir Roll par rapport zum Objet uginn. De Benotzer kann eng Lëscht vu méiglechen Rollen festleeën. Genee sou kënnen all Objeten, déi mat enger bestëmmter Persoun verbonne sinn, an enger separater Lëscht ugewise ginn.
Nieft den allgemengen Donnéeë kann de Programm vill Eegenschafte vun den Objete späicheren, zum Beispill ISBN, Verlag, Dimensiounen, Formater, Marketingdonnéeën, a bitt zousätzlech Felder.
Ausléinen
De Programm erlaabt de Benotzer, iwwer „ausgeléinten“ Objeten Buch ze féieren. Dofir féieren d'Benotzer eng Lëscht vu Clienten a ginn de Status vum ausgeléinten Objet, d'Datum vum Ausléinen an déi geplangten an déi tatsächlech Réckgab vum Objet un.
Lagerplaz vun Ären Objeten erfaassen
De Programm erlaabt Iech och, Objeten op bestëmmte Plazen ze verwalten, inklusiv Gebai, Raum, Schaf a Regal. Wann de Benotzer eng Plaz auswielt, gesäit hien eng Lëscht vun allen Objeten, déi op dëser Plaz opbewuert ginn.
Tabellen handhaben
All Tabellen am Programm kënne vum Benotzer einfach ugepasst ginn - Dir leet fest, wéi eng Kolonnen ugewise ginn, an wéi enger Reiefolleg a mat wéi enger Breet, a wielt och d'Zortéierung vum Tabelleninhalt.
All Tabelle kënnen an d'CSV-Format exportéiert, gedréckt oder als PDF-Datei gespäichert ginn.
Multi-Benotzer-Prinzip
Dëse Programm ënnerstëtzt d'Identifikatioun vu Benotzer. All Benotzer huet säin eegene Login a säi Passwuert. All Ännerunge vun Donnéeë ginn automatesch vum Programm protokolléiert. Mam Programm kënnt Dir novollzéien, wéi e Benotzer d'Donnéeën derbäigesat oder geännert huet. Dobäi ginn Datum an Auerzäit vun den Ännerunge protokolléiert, souwéi komplett Informatiounen iwwer dat, wat geännert gouf.
De Programm ka mat der lokaler Datebank schaffen, awer och mat enger zentraler MySql-Datebank. Am leschte Fall kënne verschidde Benotzer gläichzäiteg mam Programm schaffen. Wann ee Benotzer en Objet beaarbecht, ass deen fir déi aner Benotzer nëmmen am Lesemodus disponibel.
Programmverbesserung no Äre Besoinen
De Programm baséiert op der Komponent Temia Business Template (Java), déi e zouverlässege Fonctionnement vum Programm garantéiert an et erlaabt, de Programm séier an ouni grouss Käschten un d'Ufuerderunge vun de Benotzer unzepassen. Wann Dir eis kontaktéiert, maache mir Iech gär en Devis fir eng Programmverbesserung no Äre Besoinen.




